De soziale Projet

06.png

D’Zilgrupp vun eisem Theater sinn an éischter Linn krank a sozial schwaach Kanner. Mir trieden dofir och am Léifste fir dës Kanner op. Wa mir awer op verschiddene Festivalen optrieden, da geet eis Gage systematesch un de gudden Zweck geet.

Well mir eis an éischter Linn un déi Kleng riichten, sinn eis Stécker och relativ kuerz (ca 10-15 Minutten) an der Konzentratiouns-Fähegkeet vun de Kanner ugepasst. D’Stécker sinn ganz einfach, ouni Gewalt an hunn als eenzegt Ziel, d’Kanner un d’Laachen ze bréngen. Parallel probéiere mir awer och Wäerter wéi Frëndschaft, Solidaritéit, Éierlechkeet ze vermëttelen. Wann d’Konzentratioun vun de Kanner erlaabt, spille mir och e puer Stécker hannerteneen.

E Kand, dat laacht, ass de schéinste Kaddo, deen een eis ka maachen. Mir probéieren e bëssen Liichtegkeet an den dacks groën Alldag vun deene Kanner ze bréngen, déi manner Chance am Liewen hunn.

 

Publicités