Eis eege Geschicht

llp_nuitdeslegendes2012-109

D’Gebuertsstonn vum Tutebatti ass den 18. Dezember 2003. Deen Dag war de Bimbo-Theater am Casino zu Bouneweg. D’Begeeschterung vun de Kanner war riiseg a bei villen Eltere si richteg Kandheets-Gefiller opkomm : Marionetten, grad wéi fréier ! D’Iddi vum Tutebatti ass dee Nomëtteg gebuer.

Kuerz duerno hunn zwee Kollegen, den Ernest Boever an den Yves Karier, decidéiert fir eng Këscht op Rieder als Marionetten-Theater ëmzebauen. An zanter dem Fréijoer 2004 ass den Tutebatti ënnerwee, fir d’Kanner mat dëser dach schonn aler Konscht zum Laachen ze bréngen.

Den 11. Mäerz 2011 hu mir decidéiert fir d’«Tutebatti a.s.b.l.» ze grënnen. Iwwert dëse Wee konnte mir eiser Passioun och eng juristesch Form ginn. Eis Equipe besteet mëttlerweil aus 9 Leit.

Zanter Juli 2012 ass d’«Tutebatti asbl» och offiziell Member vun der UNIMA, der Union internationale de la Marionnette.

Publicité
%d blogueurs aiment cette page :