De Finanzement

12.png

Eis Opféierungen (besonnesche déi an de Kliniken) sinn gratis. Bei all Visite kritt all eenzel Kand och e klenge Kaddo vum Tutebatti iwwerreecht. Ze bemierken ass, dass de Projet Tutebatti exklusiv vun de Memberen vun eiser asbl finanzéiert gëtt.

Et kënnt allerdéngs vir, dass mir op engem Festival optrieden an eng Gage bezuelt kréien an den Organisateur de Leit Entrée freet. An deem Fall ginn eis Gagen systematesch un Associatioune weidergeleet, déi sech fir de gudden Zweck, am Interessi vun de Kanner, asetzen.

E grousse MERCI un d’Romy Grandgenet an un de Ralph Kilburg, déi sou léif sinn an eis hier Lidder vun der CD « Tutebatti » fir all eis Optrëtter fir de gudden Zweck gratis zur Verfügung ze stellen ! Romy, Ralph : Den Tutebatti a seng Kollegen danze fir hiert Liewe gär op Är Musek …

Mir wëllen op dëser Plaz och dovu profitéiere fir dem Nadine Boor MERCI ze soen fir déi wonnerschéin Bühnendekoratioun, déi hatt extra fir eis gebaut huet. Nadine : D’Hex Rumpumpelknuddelfutz fillt sech richteg wuel an hirem Hexen-Häischen …

Bleift ze betounen, dass den « Tutebatti » keng privat Opféierunge mécht. De Fokus gëtt op déi sozial Aktioune geluecht.